@klotiii@mastodon.opencloud.lu
Post #3095013
2026-04-30 12:32 UTC
@hambier@mastodon.opencloud.lu Ech hu mech bis elo null domadder ausenaner gesat. Ech hunn d'Äntwert vum Obertin awer esou verstan, datt mir eppes ganz aneres kréichen.
Replies (1)
-
@hambier@mastodon.opencloud.lu 2026-04-30 13:06
@klotiii@mastodon.opencloud.lu Ok, hu mer de Clip elo ugelauschtert. Sou wéi ech et verstinn, gesäit d'EU 2 Approchë vir: eng reng Age attestation App (mat gewësse Sécherheetsufuerderungen un den Handy) an - spéider - enger Léisung baséierend op enger eWallet-App (mat digitale Versioune vun ID, Führerschäin) an déi deementspriechend nach méi strikt ass wat d'Endgerät ugeet. Hei kléngt d'Äntwert nom Iwwersprange vun där 1. Approche. En gros Google/Apple-Zwang fir dech als Bierger auszeweisen?