@MaxSchalz@mastodon.opencloud.lu
Post #2925132
2026-04-24 14:33 UTC
@klotiii@mastodon.opencloud.lu merci fir de Video+Erklärungen! Wéi ass dann d'Erfahrung an Estland mat Onlinewalen? D'Land gëllt jo allgemeng als Virbild bei Digitaliséierung
Replies (1)
-
@klotiii@mastodon.opencloud.lu 2026-04-24 14:40
@MaxSchalz@mastodon.opencloud.lu An Estland sinn se mengen ech ganz zefridde mam System, a si wäerten och frou doriwwer sinn, datt si nach ëmmer déi Eenzeg sinn. Et dréit jo schliisslech zu hirem Narrativ vun der digitaler Gesellschaft bäi. Si konnten dat schonn 2005 maachen, well d'Leit quasi all schonn deemols eng digital ID haten, an d'Bevëlkerung och immens oppe fir technesch Entwécklunge sinn.